D’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch gouf am Mee 2009 gegrënnt op Grond vun engem moderne Bauprojet deen den Duerfkär vu Käerch verschampeléiert hätt. Mat alle méigleche Mëttelen ass sech dogéint gewiert ginn. Quo vadis huet an enger éischter Phase drop gehale fir dass ronderëm déi schéi Barockkierch déi ënner Denkmalschutz steet, deen historesch gewuessene Site mat deenen alen Haiser erhale bleift. Dat selwecht zielt och fir de Site ronderëm d’Gréiweschlass.

 

Mee och am Rescht vum Duerf gëtt et nach interessant Haiser déi net sollen u Bauspekulante falen déi eng gro-wäiss Këscht an d’Plaz wëlle praffen. Wéint der Ästhetik si mir och grondsätzlech géint Flaachdiech an deenen 3 Dierfer aus der Gemeng.


Duerno huet Quo vadis sech ëmmer erëm agesat wann et geheescht huet et géifen erëm al an historesch wäertvoll Haiser verschwannen.

 

D'Biergerinitiativ Quo vadis Käerch ass och eng vun de 6 Organisatioune wou 2020 d'Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun gegrënnt hunn. Mëttlerweil zielt d'LDF schons 17 Member-Organisatioune (Stand Abrëll 2024).

 

Mir beroden och gären d’Leit wann se wëlles hunn eng nei Fassad maachen ze loossen oder nei Fënsteren ze bestellen.

Interesséiert si mir un ale Fotoen oder anert historescht Material vu Käerch, Giewel a Gëtzen.

 

Quo vadis organiséiert Ausstellungen zu verschiddenen historeschen Themen.

 

Den Ament si mir amgaang eng Chronik opzestelle vun den Haiser aus den 3 Uertschafte Käerch, Giewel a Gëtzen déi virum 2. Weltkrich gebaut goufen. Dat soll als Buch erauskommen.