Aktuelles an Neiegkeeten:
Den 12. an 13. Oktober 2024 hat d'Biergerinitiativ Quo vadis Käerch fir d'éischte Kéier e Stand um Bichermaart zu Déifferdeng. Et war schonn déi 15. Editioun, organiséiert vun der Stadbibliothéik Déifferdeng. An eisem Angebot war haaptsächlech Luxemburgensia a mir si frou ville Leit konnten ze hëllefen déi grad no dem Buch oder Periodique gesicht hu wat mir um Dësch leien haten. Donieft war et flott vill interessant Gespréicher ze féieren.
E grousse Merci och fir déi gutt Organisatioun an de prima Catering, inklusiv dem Kaffi.
Fotoen © Jean-Claude Thies a Romain Gaspar
De 15. September 2024 war d'Biergerinitiativ Quo vadis beim “Meet & Greet” zu Käerch op der Gemengeplaz mat derbäi.
Organiséiert gouf dësen Dag vun der Käercher Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fir Zesummeliewen an de Lokal-Veräiner.
Um Stand vu “Quo vadis” konnten d’Kanner e Pësel mat engem flotte Käercher Motiv zesummebauen. Dëse Pësel konnten d’Kanner dann och duerno mat heem huelen.
Fotoen © Jean-Claude Thies
Am Abrëll an am Juni war Besuch aus Argentinien an aus den USA zu Käerch an zu Giewel.
Nokommen vun Auswanderfamill KESSELER hu sech am Abrëll Käerch ugekuckt wou hier Virfahren geliewt hun.
Am Juni du koumen Nokommen vun der Famill LECHER déi vu Giewel an Amerika ausgewandert sin.
Si ware voll begeeschtert, datt d’Haus vum Ur-Ur-Urgrouspapp LECHER nach besteet.
E Bericht vun desen zwou Visiten ass am "De Buet" vun der Gemeng Käerch.
Brochure © Gemeng Käerch
De 25. Juni 2024 hat d’INPA op eng “Table ronde scientifique” zum ale Prieuré vun Useldeng invitéiert, wou déi rezent Resultater vun de wëssenschaftlecher Fuerschung zu dësem exceptionellen Objet presentéiert goufen.
Niewt aneren Denkmalschutz-Organisatiounen war och d’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch bei deser interessanter Präsentatioun mat e puer Memberen aus dem Conseil vertrueden.
Detailer zum Priorat fënd een um site vun de “Frënn vum Useldinger Priorat” (APU)
Fotoen © INPA an APU
Den 1. Juni 2024 war an der Porkierch zu Käerch d’Virstellung vum Dr. Henri Carême senger Arbecht “Notices biographiques et tableaux généalogiques des 84 peintres du XVIIIe siècle nés, actifs ou en relation avec le DUCHE de LUXEMBOURG”. Dest Buch ass als volume 154 vun den “Annales de l'Institut Archéologique du Luxembourg” (IAL) erauskomm.
An desem Wierk sin ënnert villen aneren och déi Moler wéi d’Bridder Mathaei an den Ignace Millim behandelt wou zu Käerch gebuer sin, do gewunnt oder geschafft hun, esou wéi och déi Moler wou déi sëllechen Biller an der Käercher Barockkierch am 18. Jorhonnert gemolt hun.
De Kommitee vun der Biergerinitiativ Quo vadis Käerch war bei deser Buchvirstellung vertrueden.
Erënnere mir drun datt den Dr. Henri Carême eisen Conférencier op der Generalversammlung vun 2023 war.
Fotoen © Jean-Claude Muller
De 17. Abrëll 2024 ass déi nei Brochure vun der “Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun (LDF)” virgestallt gin. Mam Titel “Fir d’Erhalen vum gebauten architektonesche Patrimoine zu Lëtzebuerg” geet d’LDF op den Historique vun allen Organisatiounen an wou sech an de leschten Joerzéngten fir den Denkmalschutz hei zu Lëtzebuerg agesat hun a beschreiwt wéi et zur Grënnung vun der LDF am Joer 2020 koum. Haut sin 17 Organisatiounen an der “Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun” vereent.
Erënnere mir drun datt d’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch eng vun de 6 Grënnungsorganisatiounen ass.
Dir fand déi ganz Brochure um site vun der LDF.
Déi Duebelsäit wou Quo vadis virgestallt gëtt ass enner “Eroflueden” ze fannen.
Brochure © LDF
Den 2. Juli 2023 war d'Biergerinitiativ Quo vadis beim “Biergerdag am Schlass” zu Käerch mat derbei.
Organiséiert gouf desen Dag vun der Käercher Gemeng zesummen mat de Lokal-Vereiner.
Fotoen © Jeff Nothum
De 5. Mäerz 2023 ware mir als 'Biergerinitiativ Quo vadis nees bei der “Journée de l’histoire locale” zu Viichten mat eisem Bicherstand derbei.
Organiséiert gouf desen Dag vun de “Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn” zesumme mat den "Amis du Prieuré d'Useldange"
Fotoen © Jeff Nothum
De 27. Mäerz 2022 huet Quo vadis beim Welcome Drink vun der Käercher Gemeng matgemach.
"D'Käercher Vereiner stelle sech vir"
Dest huet Quo vadis mat engem grousse Stand gemach.
Foto © Jean-Claude Thies
Am Mäerz 2022 huet Quo vadis sech e puer Sachen zur Eegewerbung ugeschaft.
Foto © Jean-Claude Thies
Den 3. Oktober 2020 huet Quo vadis seng nei Hiemer a Poloën virgestallt.
Foto © Jeff Nothum
Den 3. Oktober 2020 huet Quo vadis bei der Protestaktioun an der Stad
"Eisen Denkmalschutz fonktionnéiert nët" matgemach.
Des gouf vun der "IK-CNCI" organiséiert an et hun sech 18 lëtzebuerger Organisatiounen zesummen fond.
Foto © Jean-Claude Thies
Am Laf vum Joër 2020 gouf déi nei "Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun” (LDF) gegrënnt.
Niewent 5 aneren Organisatiounen ass och d’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch Grënnungsmember vun dëser Federatioun.
Hier Haptaufgab ass et fir op politeschem Niveau fir den Denkmalschutz hei am Land ze schaffen.
De 17. Mäerz 2019 ware mir wéi all Joër zu Viichten op der “Journée de l’histoire locale”
mat eisem Bicherstand derbei.
Organiséiert gouf desen Dag vun de “Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn”
Foto © Jean-Claude Thies